Observatoire San Vittore

Observatoire San Vittore
MPC-Code 552
Gegrënnt 1969
Zougemaach 2006
Instrumenter
Teleskopen 0,45-m-Cassegrain-Newton-Spigelteleskop
15-cm-Lënsenteleskop
Goerz-Dogmar Astrograph
(Ojectiv: 11 cm)
Schmidt-Kamera
(25 × 32 × 60 cm)
Geographesch Situatioun
Land Italien
Koordinaten 44°28'6"N, 11°20'31"O
Héicht 280 m


Den Observatoire San Vittore war en astronomeschen Observatoire am Süde vu Bologna an Italien.

E läit 280 Meter iwwer dem Mieresspigel an huet en 0,45-m-Cassegrain-Newton-Spigelteleskop.[1]

Den Observatoire ass ee vun de raren astronomeschen Observatoiren deen exclusiv vun Amateurastronome bedriwwe gouf. Vum Gebai mat der Kuppel bis op den Teleskop war alles an Eegeregie gebaut ginn.

Vun 1975 bis 1981 huet den Observatoire bei der NASA hirem International Planetary Patrol Program matgeschafft.

Tëscht 1980 an 2000 goufen um Observatoire 98 Asteroiden entdeckt.

Den Asteroid, (2235) Vittore, deen de 5. Abrëll 1924 entdeckt gouf, gouf nom Observatoire genannt.

  1. (en)Minor Planet Discoverers

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search